Mir hu gewielt !

2023 war ee Waljoer.
Am Juni ware Gemengewalen an am Oktober Chamberwalen.
Ee groussen Deel vun eise Schüler konnten dëst Joer fir d’éischt wiele goen, an et gehéiert zu der Schoul hiren Aufgaben d’Schüler esou gutt wéi méiglech dorop virzebereeden. Et ass virun allem wichteg d’Schüler net ze beaflossen, mee si dozou ze bréngen nozedenken, sech Froen ze stellen, Informatioune kritesch ze hannerfroen an sou dee richtege Choix fir sech ze huelen. 

Wéi geet den LN dëse Bildungsoptrag un?
Fir d’éischt ginn et natierlech Schoulfächer an deenen d’Schüler léiere wat Demokratie ass, wéi de lëtzebuergesche Walsystem funktionéiert a wéi eng Verantwortung all eenzel Persoun hutt. An anere Coure kréien d’Schüler och gewise wéi ee mat Informatiounen déi een online fënnt soll ëmgoen, zum Beispill dat ee Quelle soll hannerfroen, iwwerleeë soll wat Propaganda ass, wat realistesch ass a wéi een Auteur wéi eng Intressen hutt. 
Da kruten d’Schüler matgedeelt wou si spezifesch an neutral Informatioune fannen, zum Beispill um Site smartwielen.lu vum ZpB (Zentrum fir politesch Bildung).

Den 29. September war dunn d’Superwalkiermes op Besuch. Op dësem Kiermesstand kruten d’Schüler op spilleresch Aart a Weis d’demokratesch Prinziper an d’Responsabilitéit vun der Chamber méi no bruecht. An et gouf Popcorn! Deen een iwwregens duerch dat ganzt Gebai gericht hutt. 

Wéi hunn d’Schüler vun der 1GSO d’Superwalkiermes fonnt ? Hei hier Reaktioun:

Vill Faarwen, glänzend Luuchten an de Geroch vu frëschem Popcorn. Dat sinn déi Saachen, déi mir direkt gemierkt hunn, wéi mer an de Forum koumen, wou d’ Superwalkiermes stattfonnt huet. Dat klengt Evenement, dat vum Zentrum fir politesch Bildung opgestallt gouf, huet direkt un eng typesch Duerfkiermes erënnert. Mir waren an 3 Gruppen opgedeelt fir 3 Spiller, déi all mat de kommende Chamberwalen an dem Thema Demokratie ze dinn haten. Eent vun dëse Spiller war „Zesumme bauen“ wou mir als Grupp eng Pyramid vun Dousen ze bauen haten. Op all Dous war en Aspekt vun der Demokratie markéiert a mir hu missen déi Theme rangéieren, déi fir eis am wichtegste waren.

Um nächste Stand hu mir Inten gefëscht. All Int hat eng Nummer drop, déi enger Fro verstoppt huet. Dës Froen hunn eist Wëssen iwwer d’Lëtzebuerger Demokratie getest, awer och eis eege Meenungen iwwer politesch Theme wéi Mobilitéit an Educatioun. Dës hunn eis nodenke gelooss an eis nei Perspektive ginn.

D’Final Spill war Wheel of Fortune. Dëst Rad huet eis Froe gestallt wéi mir politesch aktiv kënne sinn.

Schlussendlech hu mir Schëlder opgehaange mat Themen, déi fir eis politesch wichteg sinn, a krute waarme Popcorn. D’Animateuren, déi do waren, ware ganz relax. Et war flott, d’Evenement hutt vill Spaass gemaach a mir hunn nei Saachen iwwer d’Lëtzebuerger Demokratie geléiert.

Den 3. Oktober hat den LN zesumme mam Jugendrot eng Table ronde organiséiert, wou jonk Kandidate vun alle Parteien invitéiert waren. D’Schüler konnten sech aschreiwe wa si un dësem Event intresséiert waren an de Sall war gutt gefëllt. D’Schüler konnten hir Froe stellen, déi verschidde Meenungen héieren an sech selwer ee Bild maache wien hannert den Nimm um Walziedel stécht.

Wichteg war et dass all Partei an all Meenung d’Chance hat gelauschtert ze ginn. Mat all dësen Hëllefen haten déi groussjäreg Schüler also d’Méiglechkeet sech op hir éischt Wale virzebereeden an den 8. Oktober matzeschwätzen. D’Resultat vun dese Walen ass am November presentéiert ginn. Déi nei Regierung steet.