Ass et eng „Weltkaart“, wann 1 Milliard Mënschen net erfaasst ginn ..?

An deene leschte Schoulstonne virun der Vakanz huet d‘3GSO sech an der COMON bei der Madamm Reuter mat dem Thema Mapping beschäftegt, also dem visibel maache vu Platzen op dëser Äerd, déi bis haut nach ëmmer net ganz an oder richteg erfaasst goufen.

„Wéi, et gëtt dach Google-Maps, do ass dach alles dorobber?!” Dat ass wuel richteg, allerdéngs musse Firmen oder Organisatiounen, wéi z.B. Médecins sans frontières, wann se konkret Donnée vu Google wëllen notzen, dës och kafen. Dofir gëtt et OSM (Open Street Map).

Hei schaffen dausende vu Fräiwëllegen dagdeeglech dorunner eis Äerd ze digitaliséieren, wëll dëst, trotz Avancen an der KI, ëmmer nach net einfach ze automatiséieren ass.

D‘3GSO huet dofir am HOT Tasking Manager vun OSM mat gehollef Gebaier am Kenya ze kartographéieren, déi an de kommende Woche vu potentiellen Iwwerschwemmunge betraff sinn. Well hannert all Gebai, sti Mënschen.