D’Schräinerei am LN

Wie si mir? 

D’Schräinersektioun am LN setzt sech zesummen aus 5 Klassen, a 6 Enseignanten. 

Wat maachen mir? 

Mir bilden Schüler am Schräinerhandwierk aus, an dat souwuel um Niveau DAP, wéi och um Niveau BTS.  

An der DAP Ausbildung léieren eis Schüler, wéi een praktesch a flott Miwwel aus Holz hierstellt, an dat net nëmmen mat Handwierksgeschier, mee och mat enger Hellewull u Maschinnen déi een am Laf vun der 3-järeger Ausbildung kennen léiert. Dofir hunn mir e super equipéierten Atelier, an dem eis Léierbouwen a -meedercher seeën, huwwelen, bueren, fräsen, béien, schläifen, lackéieren an nach villes méi. Zum Schluss vun hirer Ausbildung entwerfe si, zesummen mat hiren Enseignanten, en individuellen Miwwel, a schléissen dann, mam Bau vun dësem Gesellestéck,hier Ausbildung of. 

A wat ass de BTS? 

De Brevet technicien supérieur ass en 2-järegen Héichschoulstudium den mir am Beraich “Technologie Bois” ubidden. Hei läit de Fokus ob der Aarbecht mat diverse CAD-Programmen, an ob dem Programméieren vun CNC gesteierten Maschinnen, och de Betriebsmanagement an den Encadrement vu Projeten spillen eng grouss Roll, schliisslech soll den Techniker herno dem Patron seng riets Hand sinn. Och am BTS leeë mir Wäert ob eng handwierklech Ausbildung. Konkret heescht dat, datt jidder Student wärend senger Zäit am LN e puer Miwwel entwerfen a baue muss. Dobai entstinn oft ganz schéin an ausgefalen Kreatiounen. 

A wat leeft soss nach esou bei eis? 

Mir accueilléieren all Joer Klassen vun der 5e, fir de Schüler eist Handwierk virzestellen a mat hinne kleng Projeten am Holz ze maachen. Mir bidden Owescoursen un, fir interesséierten Erwuessenen d’Handwierk bäizebrengen, an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, hier Projeten op professionellen Maschinnen ze realiséieren. Ausserdeem si mir oft involvéiert wann an aneren Sektiounen eppes gebraucht gëtt, wéi z.B: Panneauen a Miwwel fir d’Entreprisen vun de Commerce Klassen. Mir  schaffen des öfteren mat aneren Schoulen zesummen, fir hinnen ze hëllefen Projeten ze realiséieren déi sie net kennen selwer ëmsetzen, well sie keng eegen Schräinerei hunn. Schlussendlech huelen eis Apprentien och reegelméisseg un de Luxskills an  un den Euroskills Competitiounen deel. 

Wou fannt dir eis? 

Dir fannt eise Büro (ES 1.30) am éischten Sous-sol vun der Aile E, wou eis bal eng Dosen Raim zur Verfügung stinn. Wann dir Interesse un der Ausbildung hutt, oder Ennerstetzung bei engem Projet braucht, dann zéckt net fir bei eis laascht ze kommen 😊