Matinée d’information

Et ass mëttlerweil eng Traditioun dat fréier Schüler aus dem LN am Februar fir ee Moien an de Lycée kommen, fir hir Erfarungen aus der Aarbechtswelt oder aus dem Studium un eis momentan Schüler virunzeginn. Och eng Rei Unien, Schoulen an extern Partner sinn all Joer mat dobäi. Nodeems et déi lescht Joeren eng virtuell Versioun vun eiser Matinée gouf, konnte mir dëst Joer endlech erëm vill Leit en présentiel bei eis begréissen. 

Et war fir jiddereen eppes dobäi. Informatiounen iwwer d’Beruffswelt, d’Studenteliewen, d’Studien-Finanzéierung oder Job-Méiglechkeeten goufen ausgetosch, et war ee frou sech erëm ze gesinn an och wann et Samschdes Moies e bësse méi schwéier war aus dem Bett ze kommen, war et een erfollegräichen Dag. 

Den LN seet allen externe Partner ee grousse Merci fir hir Presenz a mir freeën eis schonn op d’nächst Joer.