Oft froe mir eis wat eigentlech aus eise Schüler gëtt wa si eis bis mat engem Diplom an der Hand verloossen. Meeschtens begéine mir si nach op der Matinée d’information am Februar, wou si eise Schüler vun den Ofschlossklassen hier Erfarungen op der Uni oder der Aarbecht matdeelen. Hier Weeër si meeschtens ganz interessant an ee vun deene Weeër wëlle mir iech kuerz virstellen.
De Joé Weisgerber hutt am Summer 2021 bei eis eng 1eB mat “Excellent” gepackt an hutt sech dunn entscheet op d’ETH Zürich Physik studéieren ze goen. Do krut heen d’Méiglechkeet fir een Auslandssemester ze maachen. Well d’Schwäiz a Lëtzebuerg sech a ville Saache ganz änlech sinn, an de Joé aus senger Comfort Zone raus wollt fir och mol eppes Neies kennen ze léieren hutt heen zougesot. Natierlech war heen sech och bewosst dat een Auslandssemester am CV ëmmer hëllefräich ass fir d’Zukunft.
Joé: De Choix ass op d’ NUS (National University of Singapore) zu Singapur gefall, well et quasi d‘Dier zum ganzen asiatesche Raum ass. Kulturell ass et eppes ganz aneres wéi doheem an et kritt een awer kee Kulturschock, och well de Liewensstandard relativ héi ass. Derbäi kënnt datt d‘NUS als relativ gutt Uni ugesi gëtt.
D’Uni selwer war a sengen Ae manner exigent wéi zu Zürich, et war manner mathematesch an heiansdo och manner detailléiert. D’Exigenz vun der ETH hutt heen heiansdo vermësst, och wann d’Couren do méi schwéier sinn.
Zu Zürich lieft de Joé wéi déi meescht Studenten an engem privaten Appartement. Zu Singapur hat heen d’Chance an engem College um Campus ze liewe wat hee ganz intressant fonnt hutt.
Joé: Wéinst dem Collegeliewen ass dat soziaalt Liewen hei vill méi entwéckelt wéi zu Zürich. Wann ech z.B. iesse ginn ass bal ëmmer een do deen ech kennen. Et muss een awer och soen datt d‘Austauschstudenten eng Bubble bilden. Mat de Singapurer selwer hunn ech eigentlech nik sou vill ze dinn. Dat ass mengen ech virun allem well d‘Exchangers manner Coursen a méi Fräizäit hunn a sech et dofir och erlabe kënne fir iwwert de Weekend puer Dee éierens hinzefléien.
Apropos éierens hifléien…
De Joé hutt vun der Geleeënheet profitéiert fir Asien ze entdecken a war zu Kuala Lumpur, am Nordvietnam, zu Bali, Taipeh (Taiwan), Chiang Mai (Thailand), Langkawi (Malaysia), Hongkong a Bangkok (Thailand).
Mee och Singapur ass derwäert entdeckt ze ginn. Et ass immens propper, faarweg a villfälteg.
Dat kléngt alles super, an dem Joé säi Fazit ass:
Joé: Ech sinn op jiddefalls mega frou datt ech dat hei gemaach hunn. Singapur hott déi perfekt Lag fir iwwert de Weekend ze reesen. A manner wéi dräi Stonnen ass een eigentlech iwwerall a Südostasien. An dat kann een sech och erlabe well d’Präisser an deene Länner natierlech vill méi niddreg se wéi doheem.
Hee réit och jidderengem esou eng Geleeënheet ze notzen, well et dee beschten Alter ass fir sou eng Erfarung ze maachen. An em déi Erfarung ass et him och haaptsächlech gang. Just eng kleng Saach ass dem Joé méi oft zu Singapur duerch de Kapp gang…
Joé: Et wär och schéi mol rem enker eppes Anstänneges z‘iessen 😉