Fir d’Rëschten vum Chrëschtbeemchen waren dest Joer d’Enseignanten am Asatz.
D‘ Schüler vun der 3BC an der 5CLC1 hunn de Forum verschéinert fir eis op Chrëschtdag anzestëmmen.
An natirlech war den 18. Dezember eisen traditionellen Chrëschtmaart, ënner der Leedung vun der Ekipp vum Projet d’établissement.
Et guff villes ze kaafen an ze schmaachen …..
Laura:
Den 18. 12 war am Lycée du Nord Chrëschtmaart. Well moies um 8 Auer gouf fläisseg opgeriicht. Esou si lues a lues, wärend déi meescht Schüler nach an hire Klassesäll souzen, d Stänn entstan. Vu flotte Bastelaktivitéite wei z.b Bitze mat der Madame Wagener an Téiliichtercher maache mat der Madame Thix , bis zu enger leckerer Auswiel vum Iesse guff et quasi alles. Et gouffe Chrëschtfilmer gekuckt, natierlech mat enger Tutt Popcorn, et konnt ee Chrëschtfotoe mat de Kolleege maachen, et gouf gegrillt a gekacht a Musik gemaach. De Forum war gutt gefëllt. Géint der Mëtte gouf et een Dodgeball-Turnéier an een Traapelaaf. An der U7 goufen dunn d’Gewënner präisginn.Och déi nei Membere vum Schülercomité hunn sech virgestallt.Op eemol hutt de Mikro nik méi funktionéiert an de Feieralarm ass gaang. Mee et war falschen Alarm an nodeems sech erëm alles berouegt hat goung et du weider. All déi Suen déi mir gesammelt hu, ginn un d‘ Stroossenengelen gespent. Een Deel vum Erléiss geet un d’Amicale vum LN.