EPAS

Wat ass den EPAS-Programm a wat mécht en? 

Den EPAS-Programm, kuerz fir „European Parliament Ambassador School“-Programm, ass eng Initiative, déi déi europäesch Wäerter an der Schoul, d’Roll vum europäesche Parlament an der Demokratie soll stäerken. D’Schüler an d’Schülerinne sollen incitéiert ginn sech duerch flott Aktivitéiten, déi an souwéi ausserhalb der Schoul stattfannen, mat der EU a sengem Fonctionnement auserneen ze setzen. Europawäit maache 1500 Schoule mat, dorënner 9 aus Lëtzebuerg. Am LN ginn et momentan véier Proffen (Luisa Küpper, Joé Lahos, Lynn Reuter, Jo Schumacher), déi Senior Ambassadors sinn, souwéi zwou Klassen, déi de Programm als Junior Ambassadors no bausse vertrieden (2DG an 3TPCM).  

Den Europadag, den 9. Mai, steet ganz am Zeeche vum EPAS. An och den 12. Mai geet et mat enger flotter Aktivitéit weider: béid Klassen huelen dann un engem EPAS-Rallye an der Stad Lëtzebuerg deel. 

Weider Informatioune fannt dir op eisem Internetsite vum LN: