Arts et Culture 1GSO

Am Kader vum Fach Art et Culture op der 1GS0 hunn d’Schüler sech d’Aufgab ausgewielt vir lëtzebuergesch Kënschtler méi genau ënnert Lupp ze huelen. Jiddereen konnt sech op Basis vun enger Lescht een Kënschtler aussichen oder een eegenen proposéieren. 

Dozou sollt ee Plakat erstallt ginn. Wei een un de Resultater erkennen kann huet sech déi ganz Klass dozou entscheet dëst Plakat an digitaler Form mat Hëllef vun der App CANVA ze realiséieren. Plakater sollen net nëmmen Infoen zu de jeeweilegen Kënschtler vermëttelen mee o direkt visuell dësem säi Stil an seng Aart ze Schaffen zréckspigelen. D’Chez-d’oeuvren kënnen wei vill anerer am Gank B.00 ganz hannen bestaunt ginn.